Wärend der Oktav, an doriwwer eraus, bitt d'ErwuesseBildung Iech online eng kleng, awer reng Selektioun vu Bicher a Filmer fir Grouss a Kleng un, ausgewielt vun den haaptamtlechen a benevolle Mataarbechter vun der ErwuesseBildung. Een Deel vun dëser Auswiel fannt Dir an eisem Bulletin an en aneren Deel hate mir am Luxemburger Wort virgestallt.
Dir kennt eist Bicherzelt net?
Normalerweis fannt Dir d'Bicherzelt vun der ErwuesseBildung am Bannenhaff vun der Kathedral, wou mir zënter Joerzéngte wärend der Oktav eng grouss Selektioun vu Bicher an anere Medie fir Grouss a Kleng ubidden. Mee dëst Joër ass neess alles anescht! Mee d'Bicherzelt ass och dëst Joër leider nët do!
Bestellunge vu Filmer a Bicher kënnt Dir opginn:
Oder Dir kommt bei eis an d'ErwuesseBildung (Centre Convict, 5, avenue Marie-Thérèse L-2132 Luxembourg).
Hei fannt Dir och vill interessant Bicher a Filmer.
Mir beroden Iech gären a freeën eis op Iech!
Wärend dem leschte Joer huet sech villes am Liewe vun eise Matmënsche geännert. Eisen Alldag leeft anescht of, d’Zesummeliewen ass verännert an ageschränkt, mir hunn aner Gewunnechten op der Aarbecht, d’Schoul an d’Veräinsliewe krut drastesch Aschränkungen operluecht …
Wéi geet de Mënsch mat esou Verännerungen ëm? Wéi eng bleiwend Schied brénge Verännerunge mat sech? Wou kann de Mënsch eng Stäip fannen, fir besser duerch esou schwéier Zäiten ze kommen? Sinn dës Verännerungen och eng Chance, nei Weeër ze sichen an ze goen?
Moderatioun:
Pit Bouché (Caritas, Member vum Verwaltungsrot vun der ErwuesseBildung)
Et diskutéiere mat:
Milly Hellers (Octav-Priedegerin 2021)
Marcia Dechmann (Mamm vun 3 Kanner, Infirmière enseignante)
Martine Kemp (Ingénieure)
Paul Galles (ë.a. Politiker, Member vum Verwaltungsrot vun der ErwuesseBildung)
Norry Schneider (Centre for Ecological Learning Luxembourg/ CELL)
D'Gespréichsronn ass online an am presentiel.
Eist Theema dës Kéier:
Interessantes iwwert dëse Brauch, iwwert de Mäertchen, d’Kathedral ….
Leider wäert d’Oktav 2021 ënnert spezielle Bedingunge stattfannen: Begrenzte Pilgerzuel an der Kathedral, Limitten a Restriktiounen, déi villes net méiglech maachen. An dach kann dat d‘Pilger net ophalen, och dann net, wann d’Bicherzelt vun der ErwuesseBildung 2021 nach eng Kéier eng „Covid-Paus“ maache muss.
Duerfir huet e klenge Grupp seng Käpp zesumme gestreckt an e puer interessant Alternative geplangt.
Tëscht dem 24. Abrëll an dem 9. Mee 2021 wäerte mir Iech duerfir e klengen Online-Programm ubidden, zu deem mir Iech elo schonn alueden:
Bicherpresentatiounen am Online-Bicherzelt, Interreliéis Gespréichsronn mam Groussrabbiner, engem Immam, engem Vertrieder vun de protestanesche Kierchen a mam Kardinol Jean-Claude Hollerich, Online-Elterecafé zum Theema „Relioun a Spiritualitéit an der Famill“ an en Diskussiounsowend a Pandemiezäiten iwwert d‘Oktavtheema „Op eemol war alles anescht!“
Mir freeën eis op Iech!
ErwuesseBildung, Centre de formation diocésain Jean XXIII (CFD), Oktavkommissioun