Info

Pub

Actualité

online-Shop

2021 - En alternatiivt Medien- a Bicherzelt

Wärend der Oktav, an doriwwer eraus, bitt d'ErwuesseBildung Iech online eng kleng, awer reng Selektioun vu Bicher a Filmer fir Grouss a Kleng un, ausgewielt vun den haaptamtlechen a benevolle Mataarbechter vun der ErwuesseBildung. Eis "COUPS DE COEUR".

Een Deel vun dëser Auswiel fannt Dir an eisem Bulletin an en aneren Deel gëtt am Luxemburger Wort virgestallt.

Dir kennt eist Bicherzelt net?

Normalerweis fannt Dir d'Bicherzelt vun der ErwuesseBildung am Bannenhaff vun der Kathedral, wou mir zënter Joerzéngte wärend der Oktav eng grouss Selektioun vu Bicher an anere Medie fir Grouss a Kleng ubidden. Mee dëst Joër ass neess alles anescht! Mee d'Bicherzelt ass och dëst Joër leider nët do!

Kuckt an eis alternatiivt "Online-Bicherzelt" :

Bicher a Filmer fir Kanner a Jugendlecher: https://www.ewb.lu/bicherzelt/bicherzelt-2021-books-children

Bicher fir Erwuessener: https://www.ewb.lu/bicherzelt/bicherzelt-2021-books-adults

Bestellunge vu Filmer a Bicher kënnt Dir opginn:

  • online op eiser Websäit
  • oder iwwert eis Email : info@ewb.lu
  • oder iwwert den Telefon 44 743-340 vu méindes bis freides vun 13-17 Auer

Oder Dir kommt bei eis an d'ErwuesseBildung (Centre Convict, 5, avenue Marie-Thérèse L-2132 Luxembourg).

Hei fannt Dir och nach vill aner interessant Bicher a Filmer.

Mir beroden Iech gären a freeën eis op Iech!

https://www.ewb.lu/bicherzelt/bicherzelt-2021

Op eemol ass alles anescht! - Eng Gespréichsronn

„Wat maache Verännerunge mat eis? Am Alldag, an der Gesellschaft, an der Kierch …”

Wärend dem leschte Joer huet sech villes am Liewe vun eise Matmënsche geännert. Eisen Alldag leeft anescht of, d’Zesummeliewen ass verännert an ageschränkt, mir hunn aner Gewunnechten op der Aarbecht, d’Schoul an d’Veräinsliewe kruten drastesch Aschränkungen operluecht …

·      Wéi geet de Mënsch mat esou Verännerungen ëm?

·      Wéi eng bleiwend Schied brénge Verännerunge mat sech?

·      Wou kann de Mënsch eng Stäip fannen, fir besser duerch esou schwéier Zäiten ze kommen?

·      Sinn dës Verännerungen och eng Chance, nei Weeër ze sichen an ze goen?

Op dës an aner Froe hu mir versicht, an dëser Gespréichsronn Äntwerten ze fannen.

 

Moderatioun:

Pit Bouché (Caritas, Member vum Verwaltungsrot vun der ErwuesseBildung)

Et hu mat diskutéiert:

Milly Hellers (Octav-Priedegerin 2021)

Marcia Dechmann (Mamm vun 3 Kanner, Infirmière-Enseignante)

Martine Kemp (jonk Politikerin an Ingénieure)

Paul Galles (ë.a. Politiker, Theolog a Member vum Verwaltungsrot vun der ErwuesseBildung)

Norry Schneider (Centre for Ecological Learning Luxembourg / CELL)

 

Hei kënnt Dir d’Gespréichsronn kucken: https://www.youtube.com/watch?v=8uPqaZTpB7Y

online-Buchpresentatioun

online-Buchpresentatioun „Reliéis Kanner- a Jugendliteratur", „Philosophéiere mat Kanner a Jugendlechen"

Mir stellen Iech hei e puer „Coups de coeur“ vir, déi sech haapt- an éierenamtlech Mataarbechterinne vun der ErwuesseBildung erausgepickt hunn.

Et si Bicher, déi ee Kanner a Jugendleche kann an de Grapp ginn, mee ganz besonnesch och mat hinnen zesummen entdecke soll.

Virgestallt gi Bicher aus de Beräicher „reliéis Kannerbicher“, „Philosophéiere mat Kanner a Jugendlechen – Nodenken an an d’Gespréich kommen iwwert Theemen, déi si an eis ganz Gesellschaft beschäftegen“.

D’Bicher gi virgestallt vun:

·  Christine Bußhardt , Pastoralreferentin am Dekanat Süden-Ost, Schwéierpunkt: Familljen- a Jugendpastoral an Erwuessebildung

·  Barbara Schu, ErwuesseBildung – Mediepädagogin, ë.a. zoustänneg fir de Beräich „reliéis Kanner- a Jugendliteratur“

·  Danielle Mertes, ErwuesseBildung – Referentin fir Kanner- a Jugendliteratur a Liesfërderung

A vun 2 Jugendlech aus der Par Hesper-Réiser-Weiler, déi d'Firmung elo mache wäerten:

·  Leo Di Bello, 14 Joër

·  Carole Thoma, 14 Joër

Hei fannt dir de Link zur Playlist vun den online-Presentatiounen: https://www.youtube.com/playlist?list=PLfqCAgYvK1zLX_U9t2d2Pl-pshG75vKlG

Organisatioun:

ErwuesseBildung, Centre de formation diocésain Jean XXIII

online-Elterecafé an der ErwuesseBildung - Oktav 2021

Relioun a Spiritualitéit an der Famill - Eng Orientéierung, wann „op eemol alles anescht ass“?

An eisem online-Elterecafé am Kader vun der Oktav 2021 gëtt sech dës Kéier driwwer ausgetosch, wat sech alles ännert, wa sech Nowuess an enger Famill ukënnegt. Wat ännert sech am sozialen Ëmfeld, op der Aarbecht, doheem an der Koppel an an der Famill. Et ass fir all Bedeelegt net ëmmer einfach.

Wou kann een als Famill Ënnerstëtzung an Halt fannen?

Hei ginn 2 flott Projete virgestallt, wou ee Gemeinschaft fënnt, Austausch an Ënnerstëtzung, och wann et ëm Froe ronderëm déi reliéis an spirituell Erzéiung vun de Kanner geet.

Un der Diskussioun si bedeelegt:

Ingrid SCHOLZEN, Agente pastorale zu Ëlwen, Wolz a Wëntger, Grënnerin vum Babykrees

Michèle HILGER, Lëtzebuerger Guiden a Scouten, Responsabel fir «Spiri fir Kids»

Guy LUX, Papp vun 2 Kanner

Danielle MERTES, ErwuesseBildung – Referentin fir Kanner- a Jugendliteratur a Liesfërderung

Hei fannt Dir de Link zum Film: https://youtu.be/DrlVC6FSKiw

Organisatioun:

ErwuesseBildung, Centre de formation diocésain Jean XXIII 

Heading

What’s a Rich Text element?

The rich text element allows you to create and format headings, paragraphs, blockquotes, images, and video all in one place instead of having to add and format them individually. Just double-click and easily create content.

Static and dynamic content editing

A rich text element can be used with static or dynamic content. For static content, just drop it into any page and begin editing. For dynamic content, add a rich text field to any collection and then connect a rich text element to that field in the settings panel. Voila!

How to customize formatting for each rich text

Headings, paragraphs, blockquotes, figures, images, and figure captions can all be styled after a class is added to the rich text element using the "When inside of" nested selector system.