Wärend der Oktav bitt d’ErwuesseBildung Iech am Bicherzelt eng grouss Selektioun vu Bicher fir Grouss a Kleng un, ausgewielt vun den haaptamtlechen a benevole Mataarbechter*innen vun der ErwuesseBildung.
Een Deel vun dëser Auswiel fannt Dir an eisem Bulletin, en aneren Deel gëtt am Luxemburger Wort virgestallt.
All d'Bicherzelt-Buchtippen:
* Bicher fir Kanner: https://www.ewb.lu/bicherzelt/bicherzelt-2022-books-children
* Bicher fir Erwuessener: https://www.ewb.lu/bicherzelt/bicherzelt-2022-books-adults
Nei dëst Joer: « De PILGER-CAFE » am Bicherzelt
Hei kënnt Dir Iech e Moment Zäit huelen, raschten, eng Taass Kaffi oder Téi drénken an e bësse poteren – an dat neit Oktavbrout kafen!
En Donneschdeg, den 12. Mee an den 19. Mee um 16 Auer fënnt hei eng Liesung fir Kanner ab 6 Joer statt.
Méi Informatiounen dozou:
* Oktavbrout: https://www.ewb.lu/posts/oktav-brot
* Liesungen fir Kanner: https://www.ewb.lu/posts/2-liesungen-fir-kanner-am-pilger-cafe
De „Pilger-Café“ gëtt vum „Service Communication & Presse de l’Archevêché“ organiséiert.
Dir fannt d’Bicherzelt vun der ErwuesseBildung an de "Pilger-Café" am Bannenhaff vun der Kathedral
(Entrée iwwer d’Kathedral oder iwwer d’Rue Notre-Dame)
Mir sinn op: all Dag, vun 8.30 bis 18.30 Auer
Offiziell Ouverture vum Bicherzelt a vum "Pilger-Café": 7. Mee um 15 Auer
Kommt laanscht kucken, mir freeën eis op Iech!