1. Treffen Aarbechtsgrupp Naturverbonnenheet an Nohaltegkeet

Kenneléieren a Projeten undenken

Groupe de travail
Arbeitsgruppe
Aarbechtsgrupp
Workgroup

Ob d’Thema Wanderen, Wëllplanzen oder Zero-Waste, Energieeffizienz, natiirlecht Bauen a Solartechnik, oder och de Repair-Café an Upcycling-Atelieren – an dësem Aarbechtsgrupp sëtze Leit ëm den Dësch, déi sech motivéiert fir Projeten zum Thema Naturverbonnenheet an Nohaltegkeet engagéieren.

Fir all Interesséierten vun der Natur an der Nohaltegkeet:

mir hunn en Datum fir eist éischt Treffen! An dat ass den 1.10.2022 vun 14.00-16.00 an der EwB! Do kënnen mir iwwert éischt Iddien a Projete schwätzen, wéi een wat kéint zesummen reflektéieren a realiséieren.

Eng éischt Projetsiddi hu mer och schon – woubäi dat natiirlech net ausschléisst, och nach u weideren Iddien aus aneren Themeberäicher ze schaffen!

Et geet ëm de Projet SHOWERLOOP: Wéi kann een an der Dusch maximal Waasser an Energie spueren – an dann dach awer laang duschen? Dat geet mat engem sougenannte Showerloop. D’Waasser leeft an engem geschlossene Kreeslaf a gëtt op verschiddene Plazen duerchgefiltert. Et muss och just liicht bäigehëtzt ginn, vun där initialer Hëtzt verléiert et just e klenge Brochdeel. Kléngt ganz villverspriechend a gëtt och plazeweis ëmgesat. D’Dréchent schwätzt fir sech, do muss een eigentlech net méi vill Reklamm maache fir Waasser ze spueren. Op alle Fall kënne mer den 1.10. och schon doriwwer schwätzen – an natierlech iwwer vill weider Iddien.

Mir géifen eis freeën, iech ze gesinn. Mellt iech gären per E-Mail bei eis.

Am Kontext vum Thema vun dëser AG hu mer schon e puer Info-Owender (18.00-19.30) ugeduecht:

7.12.2022 Info-Owend Natiirlech Bauen an Dämmen | Marc Neu

14.12.2022 Soirée Discussion: Quels paradigmes sont aptes pour confronter la crise climatique? | Gabriela Cáceres

15.3.2023 Info-Owend Solar-Energie: Uwendungen an Do it Yourself | Marcel Barros

... suite dovun: Smart Home: Wéi optimiséieren a monitoren ech den Energie-Verbrauch digital? (date à confirmer)

21.6. 2023 Info-Owend Low- an Zero-Energy Architektur | Jill Ries

an et ass nach vill Plaz fir vill méi! Är Iddien a Projeten sinn wëllkomm.

Datum:

1/10/2022 – 14.00-16.00

Info an Umeldung:
nora.schleich@ewb.lu
Sprooch:
Lëtzebuergesch
Wou?

ErwuesseBildung, 5, av. Marie-Thérèse, Luxembourg

No items found.