„… a wann se net gestuerwe sinn …“ Soen, Legenden a Märercher an der Stad entdecken

11
.
8
|
Animation enfants
Kinderaktivität
Kanneraktivitéit
Children's activity

Mir maachen eis zesummen op de Wee duerch d’Stad Lëtzebuerg an entdecken ënnerwee op verschiddene Statioune bekannt a manner bekannt Soen, Legenden a Märercher.

Mir lauschtere Geschichten, a bei klengen Aktivitéite kréie mir interessant Hannergrënn verroden.

D’Kanner sinn déi ganz Zäit vun 3 Erwuessenen encadréiert.

Bei schlechtem Wieder fënnt dës Summeraktivitéit net statt.

COVID-19 -  Mir halen eis un déi virgeschriwwe Consignë vum Deconfinement:

* Mask matbréngen!

* Distanzen anhalen! Hänn wäschen an desinfizéieren, asw.

Termin:

11/08/2020 vu 14:00 - 17:00 Auer

Umeldeschluss:
7/8/2020
Weider Informatiounen:
Danielle Mertes - danielle.mertes@ewb.lu
Leedung:
Danielle Mertes, Antoinette Terzer a Marielle Mousel (Mataarbechterinne vum Aarbechtsgrupp « Kannerbicher » vun der ErwuesseBildung)
Sprooch:
Lëtzebuergesch
Präis (inkl. Collatioun ënnerwee):
30 €
Treffpunkt:

ErwuesseBildung (Centre Convict, Entrée G, RdC)

5, avenue Marie-Thérèse  L-2132 Luxembourg

Zilgrupp:
Kanner (Cycle 3)
Coursnummer
204700M
Partner(s)

* Bei der Umeldung: Gitt wgl. d'Coursnummer an den Alter vun Kand un.

* Kleedung: Dem Wieder no (Sonneschutz, eppes géint de Reen asw.), bequeem Schong an eng Mask