All samschdes (ausser an de Schoulvakanzen) bidde mir eng Matinée fir Kanner un (hir Elteren, Grousselteren ... si wëllkomm!).
Zesumme loosse mir eiser Fantasie a Kreativitéit fräie Laf. Mir entdecke flott Geschichten, interessant Filmer, spannend Gesellschaftsspiller a villes méi.
Eist Theema dës Kéier:
Mir paken eis Spill(er)këscht aus, an op eise Spilldëscher kënne Kleng a Grouss nei a flott Gesellschaftsspiller ausprobéieren.
Wann d'Wieder et erlaabt, spille mir och dobaussen.
12/03/2022 - 10:00 - 11:30
ErwuesseBildung, Centre Convict (Entrée G, RdC)
5, avenue Marie-Thérèse L-2132 Luxembourg
Gitt wgl. bei der Umeldung den Alter vum Kand un.