BBQ - Bicher-Bësch-Quiz

Animation enfants
Kinderaktivität
Kanneraktivitéit
Children's activity

KUCKE - LIESE - SPILLEN / De Samschdesmoies-Treff fir déi Kleng an hir Elteren

All samschdes (ausser an de Schoulvakanzen) bidde mir eng Matinée fir Kanner un (hir Elteren, Grousselteren ... si wëllkomm!).

Zesumme loosse mir eiser Fantasie a Kreativitéit fräie Laf. Mir entdecke flott Geschichten, interessant Filmer, spannend Gesellschaftsspiller a villes méi.

Eist Theema dës Kéier:

Mir entdecke Geschichten, déi am Bësch spillen oderwou de Bësch eng wichteg Roll spillt.... Am Bësch gëtt et esou vill zeerliewen an ze entdecken ... An e Bëschquiz gëtt et och nach!

Opgepasst!!!  Treffpunkt: am Bambësch „Laftreff“

Kleedung: gutt an zolid Schong, dem Wieder ugepasste Kleeder

Datum:

8/10/2022 - 10:00 - 11:30

Umeldungsfrist:
5/10/2022
Informatiounen:
Danielle Mertes, Tel.: 4 47 43 340 / Mail: info@ewb.lu
Referent:
Mataarbechter-inne vun der ErwuesseBildung
Sprooch:
Lëtzebuergesch
Präis:
8 € pro Kand
Zilgrupp:
Kanner vu 4 - 8 Joer
Plaz:

Opgepasst!!!  Eisen Treffpunkt: am Bambësch „Laftreff“

Organisatioun:
ErwuesseBildung asbl
Umeldung:

info@ewb.lu / Tel. 44743 340

Gitt wgl. bei der Umeldung den Alter vum Kand un.

No items found.