Begéignungsdag oppe Kierchen

Eis oppe Kierche beliewen a méi bekannt maachen

Événement
Veranstaltung
Veranstaltung
Event

Um 14 Auer: Visitt guidée vun der Parkierch Saints-Côme-et-Damien:

„All Kierch huet hir Geschicht an hir Geheimnisser“ mam Christiane Kremer-Hoffmann, Theologin a Kiercheguidin

Um 15 Auer: Workshop am Centre culturel am Schlass zu ë.a. dësen Theemaen:

·     Accueil: Wéi kann ee besser bekannt maachen, dass d’Kierch op ass an d’Leit wëllkomm sinn?

·     Informatiounen: Visitt guidéeën offréieren, Flyer ausschaffen, Ausbildung zum Kiercheguide, ...

·     Veranstaltungen: Wat kann een an enger Kierch Flottes organiséieren?

Op dësen Austausch sinn all d‘Leit invitéiert, deenen d’Kierchen an eisen Uertschaften en Uleies sinn, och déi, déi beim Weekend oder beim Reseau vun den oppene Kierchen dobäi sinn.

Méiglechkeet vun engem gemeinsame Mëttegiesse virdrun. (25€/Umeldung bis den 2.11. !)

Umelde beim Laure Simon bis den 10.11. (opgepasst: fir d'Mëttegiessen muss een sech bis den 2.11. umelden)

laure.simon@ewb.lu, Handy: 691 804082

Datum:

12/11/2021 vu 14:00 bis 18:00 Auer

Umeldung bis:
10/11/2021
Präis:
gratis
Plaz:

Clierf, Centre culturel am Schlass

an Zesummenaarbecht
mat der Par Clierf Saint-Benoît
No items found.