All samschdes (ausser an de Schoulvakanzen) bidde mir eng Matinée fir Kanner un (hir Elteren, Grousselteren ... si wëllkomm!).
Zesumme loosse mir eiser Fantasie a Kreativitéit fräie Laf. Mir entdecke flott Geschichten, interessant Filmer, spannend Gesellschaftsspiller a villes méi.
Eist Theema dës Kéier:
Mir maachen en Tour duerch d'Stad an entdecken e puer flott Plazen an hir spannend Geschichten.
Départ: ErwuesseBildung
Gezei: Doot w.e.g. gutt Schong un. Kleeder dem Wieder ugepasst.
26/02/2022 - 10:00 - 11:30
ErwuesseBildung, Centre Convict (Entrée G, RdC)
5, avenue Marie-Thérèse L-2132 Luxembourg
Gitt wgl. bei der Umeldung den Alter vum Kand un.