DE KLEESCHE FIR DÉI KLENG

Geschichten an Aktivitéite fir Schoulklassen ronderëm de Grousse Mann

Animation enfants
Kinderaktivität
Kanneraktivitéit
Children's activity

An der ErwuesseBildung dréit sech alles ëm de Kleeschen.

Geschichten, Legenden, e Kleeserchers-Quiz, flott Bastelaktivitéiten … Allerhand hu mir fir Iech virbereet.

A mir freeën eis drop mat Iech zesummen dee Grousse Mann méi no kennenzeléieren.

E Bicherdësch mat Geschichten iwwert de Kleeschen a säi Liewen steet och prett!

All Eenzelheeten iwwert déi verschidden Aktivitéiten fannt Dir hei op eiser Homepage.

COVID-19 /SANITÄR MESUREN:

- Eng Umeldung ass obligatoresch / All Kéier just 1 Schoulklass

- Mir halen eis un déi virgeschriwwen Mesuren, déi an der Schoul gëllen

- Reegelméisseg d’Hänn desinfizéieren

- Distanz anhalen

- Just desinfizéiert Bastelmaterial benotzen

- De Raum gëtt reegelméisseg gutt gelëft

Termin:

29/11 - 03/12/2021

Umeldeschluss:
22/11/2021
Informatiounen:
Danielle Mertes, ErwuesseBildung / Tel.: 44743 340 / danielle.mertes@ewb.lu
Organisatioun a Leedung:
Aarbechtsgrupp „Kannerbicher“ vun der ErwuesseBildung
Sprooch:
lëtzebuergesch
Präis:
5€ pro Kand
Zilgrupp:
Schoulklassen: Cycle 1.2 - 4
Plaz:

ErwuesseBildung / CentreConvict, Entrée G

5, avenue Marie-Thérèse L-2132 Luxembourg

Umeldung:

Tel.: 4 47 43 - 340 / info@ewb.lu - bis den 22.11.2021

Gitt wgl. déi entspriechend Coursnummer, den Alter an d‘Zuel vun de Kanner un.

No items found.