All samschdes (ausser an de Schoulvakanzen) bidde mir eng Matinée fir Kanner un (hir Elteren, Grousselteren ... si wëllkomm!).
Zesumme loosse mir eiser Fantasie a Kreativitéit fräie Laf. Mir entdecke flott Geschichten, interessant Filmer, spannend Gesellschaftsspiller a villes méi.
Eist Theema dës Kéier:
De klengen Tiger, de klenge Bier an natierlech d’Tigerint – wie kennt se net?!
Mee de Janosch huet nach vill aner flott Geschichten a Figuren erfonnt.
Mir entdecken der e puer dovun, probéieren ze verstoen, wat de Janosch eis mat senge Geschichte wëll vermëttelen, an zum Schluss bastele mir nach eppes Flottes zum Theema.
05/06/2021 - 10:00 - 11:30
Ewuessebildung, Centre Convict - Entrée G - RdC
5, avenue Marie-Thérèse L-2132 Luxembourg
Gitt wgl. d'Coursnummer KLS 20210605 an den Alter vum Kand un.