Den Nicolas Adames (1813-1887), éischte Bëschof vu Lëtzebuerg, koum aus engem gréissere Bauerenduerf ganz uewen am Éislek. Nieft Bauerenhäff gouf et dräi Millen, etlech Handwierker a vill einfach Doléiner. Unen Zuch war am Dram nach net ze denken, an d'Eislek huet zur Diözees Léckgehéiert. Bekannt war et duerch eng joerhonnertelaang Pilgertraditioun bei déidräi Jongfraen (trois vierges).
De Johny Stephany werft e Bléck op d'Duerfliewe vumUfank vum 19. Jh, wou de Schoulmeeschter an de Paschtouer besonnesch an derErzéiung eng grouss Roll gespillt hunn, a wou et awer och net nëmme fromm zougoung.
Virdrun, ëm 15:30 Auer, stellt de Paschtouer Michel Meyer déi barock Kierch mat hirem prachtvolle Mobilier vir. De Bëschof huet hei seng Daf, seng éischt Helleg Kommioun a seng Primiz gefeiert. Et handelt sech ëm d'Kierch vum fréiere Franziskanerklouschter aus dem 17. Jh, wat eréischt e puer Joer viru senger Gebuert opgeléist gi war.
Organisatioun: Gemeng Ëlwen, Par Ëlwen-Wäiswampech Saint-François, De Cliärrwer Kanton,
mat der Ënnerstëtzung vum Kulturministère