
„Von Zauberworten und Zukunftsmut“, sou ass d‘Thema dëst Joer.
Ganz besonnesch am Fokus sti Geschichten an déi magesch Welt vun der Kannerliteratur: Vill Raum fir Dreem, Fantasie an Helden…
D'ErwuesseBildung wäert och dëst Joer nees hir Plaz op dësem groussen a wichtege „Fest vum Buch“ an der Hal „Books for Kids“ hunn.
Op eisem Stand presentéiere mir Iech dëst Joer Bicher zum Thema vun de Walfer Bicherdeeg an zum Thema „Liesfërderung“. Donieft fannt Dir bei eis och eng kleng Auswiel u Bicher iwwert de Kleeschen a Bicher, déi an d'Advents- an d'Chrëschtzäit passen.
Dir hutt och d'Méiglechkeet Iech iwwert d'Aarbecht vun der ErwuesseBildung am Beräich Medien ze informéieren.
An eng kleng Bastelaktivitéit fir déi Kleng wäert och net feelen.
D'Ëffnungszäiten vun de Walfer Bicherdeeg:
Samschdeg: 9:00 - 20:00 Auer
Sonndeg: 9:00 - 18.00 Auer
Mir freeën eis iwwert Äre Besuch!