All samschdes (ausser an de Schoulvakanzen) bidde mir eng Matinée fir Kanner un (hir Elteren, Grousselteren ... si wëllkomm!).
Zesumme loosse mir eiser Fantasie a Kreativitéit fräie Laf. Mir entdecke flott Geschichten, interessant Filmer, spannend Gesellschaftsspiller a villes méi.
Eist Theema dës Kéier:
D’Fréijoer steet virun der Dier. Alles fänkt lues a lues un ze erwächen. Déi eischt Blumme bléien, d’Déiere kommen aus dem Wanterschlof. Et mengt een, d’Liewe géif nees nei ufänken.
Mir lauschteren e puer flott Geschichten, déi eis iwwert de Wanter an d’Fréijoer erzielen an eis e puer Geheimnisser aus der Natur- an Déierewelt an dëser spannender Joreszäit verroden.
Zum Schluss bastele mir eppes Passendes zum Theema Fréijoer.
20/03/2021 - 10:00 - 11:30
Ewuessebildung, Centre Convict - Entrée G - RdC
5, avenue Marie-Thérèse L-2132 Luxembourg
Gitt wgl. d'Coursnummer 213590M an den Alter vum Kand un.