All samschdes (ausser an de Schoulvakanzen) bidde mir eng Matinée fir Kanner un (hir Elteren, Grousselteren ... si wëllkomm!).
Zesumme loosse mir eiser Fantasie a Kreativitéit fräie Laf. Mir entdecke flott Geschichten, interessant Filmer, spannend Gesellschaftsspiller a villes méi.
Eist Theema dës Kéier:
Wann et dobausse kal gëtt, vläicht Schnéi gefall ass, huet sech d’Natur zur Rou geluecht. D’Déiere sinn am Wanterschlof an alles ass méi roueg ginn ...
Mir lauschteren e puer Wantergeschichten a maachen eng Reess durch déi kal Joreszäit. Zum Schluss bastele mir nach eng Klengegkeet.
23/01/2021 - 10:00 - 11:30
Ewuessebildung, Centre Convict - Entrée G - RdC
5, avenue Marie-Thérèse L-2132 Luxembourg
Gitt wgl. d'Coursnummer 213540M an den Alter vum Kand un.