E Gedicht fir de Kleeschen

Am Kader vun "De Kleesche fir déi Kleng"

Animation enfants
Kinderaktivität
Kanneraktivitéit
Children's activity

Geschichten, Lidder a Gedichter verzielen eis vill an interessant Saachen iwwert den Hellegen Zinniklos a säi Liewen. Mee heiansdo huet ee jo och selwer Loscht, dem Kleeschen eppes ze schreiwen: e Wonsch, e puer Gedanken, eppes, wat engem uewe läit, wou een sech driwwer freet ....

Mir lauschteren zesummen e puer flott Gedichter iwwert dësen hellege Mann an duerno däerf jidderee selwer säi „Gedicht fir de Kleeschen” erfannen an opschreiwen. Zum Schluss bastelen, schreiwen an illustréiere mir eng Kaart.

COVID-19 / SANITÄR MESUREN

  • Eng Umeldung ass obligatoresch / All Kéier just 1 Schoulklass
  • Mir halen eis un déi virgeschriwwen Mesuren, déi an der Schoul gëllen
  • Reegelméisseg d’Hänn desinfizéieren
  • Distanz anhalen
  • Just desinfizéiert Bastelmaterial benotzen
  • De Raum gëtt reegelméisseg gutt gelëft
Termin:

Méindeg, 29/11/2021 - 10:30-11:30 / Cours Nr. LH2911212M

Umeldeschluss:
22/11/2021
Informationen:
Danielle Mertes, Erwuessebildung: Tel.: 44743 340 / danielle.mertes@ewb.lu
Sprooch:
lëtzebuergesch
Participatioun:
5€ pro Kand
Zilgrupp:
Schoulklass: Cycle 2-4
Plaz:

ErwuesseBildung, Centre Convict, Entrée G

5, avenue Marie-Thérèse L-2132 Luxembourg

Organisatioun a Leedung:
Aarbechtsgrupp „Kannerbicher“ vun der ErwuesseBildung
Umeldung:

Eng Umeldung ass erfuerdert!

Tel.: 4 47 43 - 340 / info@ewb.lu - bis den 22.11.2021

Gitt wgl. déi entspriechend Coursnummer, den Alter an d‘Zuel vun de Kanner un.

No items found.