Ech a meng Gefiller

DEN "ELTERE-CAFÉ" AN DER ERWUESSEBILDUNG

Événement
Veranstaltung
Veranstaltung
Event

Bei enger Taass Kaffi  proposéiere mir Iech e klenge Virtrag.

Dës Kéier dréit sech alles ëm dat grousst Thema "Gefiller ".

Wéi kënne Kanner hir Gefiller entdecken a léieren, domat ëmzegoen? Wéi kënnen Elteren de Kanner hir Gefiller verstoe léieren an drop agoen? Wéi kënnen Erwuessener reagéieren, wa Problemer am Ëmgang mat Gefiller wéi Angscht, Aggressivitéit, Trauer, asw. optauchen? …

Nom Virtrag besteet d'Méiglechkeet sech auszetauschen, sech weider ze informéieren a sech eventuell déi passend Literatur unzekucken.

Den Eltere-Café ass eng Plaz, wou Elteren, Grousselteren, Dageselteren ... sech treffe kënnen, e bëssche poteren, sech austauschen, deen een oder anere Problem uschwätzen an e gemittleche Moment mat oder ouni hir Kanner verbréngen.

Jee no der aktueller COVID-19-Situatioun hutt dir d’Méiglechkeet, och per Streaming un dësem Eltere-Café deelzehuelen. Op eiser Homepage fannt Dir déi neideg Informatiounen.

Weider Terminer:

16.11.2020: Thema "Léiwe Kleeschen, gudde Kleeschen ..."

14.12.2020: Thema "Wann den Dag net genuch Stonnen huet ..."

Termin:

12/10/2020 vun 10:00 - 12:00 Auer

Umeldeschluss:
5/10/2020
Informatiounen:
info@ewb.lu
Referetinnen:
Véronique NILLES (Educatrice graduée, systeemesch Familljeberoderin bei der Eltereschoul) ; Danielle MERTES (Referentin fir Kanner- a Jugendliteratur a Liesfërderung bei der ErwuesseBildung)
Sprooch:
Lëtzebuergesch, Däitsch, Franséisch
Präis:
Gratis. Mir si frou iwwer e klengen Don.
Plaz:

ErwuesseBildung asbl (Centre Convict, Entrée G, RdC)

5, avenue Marie-Thérèse  L-2132 Luxembourg

Organisatioun:
Eltereschoul Janusz Korczak an ErwuesseBildung
Zilgrupp:
Elteren, Grousselteren, Dageselteren a jiddereen, deen un Theemen aus de Beräicher Erzéiung a Famill interesséiert ass.
Partner(s)
Course Number
204260m
Date Time
Prix
 0,00 €