
All samschdes (ausser an de Schoulvakanzen) bidde mir eng Matinée fir Kanner un (hir Elteren, Grousselteren ... si wëllkomm!).
Zesumme loosse mir eiser Fantasie a Kreativitéit fräie Laf. Mir entdecke flott Geschichten, interessant Filmer, spannend Gesellschaftsspiller a villes méi.
Eist Theema dës Kéier:
De Kleeschen, säin Ieselchen an och den Houseker sti bereet. De groussen Dag kënnt méi no. An d’Virfreed ass immens grouss.
Mir wäerten zesumme Geschichte lauschteren, eppes bastelen, eppes schmaachen an interessant Saachen iwwert de Kleeschen a säi Liewe gewuer ginn.
27/11//2021 - 10:00 - 11:30
Ewuessebildung, Centre Convict - Entrée G - RdC
5, avenue Marie-Thérèse L-2132 Luxembourg
Gitt wgl. d'Coursnummer KLS 27112021 an den Alter vum Kand un.