Eng Geschicht vum Kleeschen

Liesung mat uschléissender klenger Bastelaktivitéit

Animation enfants
Kinderaktivität
Kanneraktivitéit
Children's activity

De Kleeschen huet et net ëmmer esou einfach. Déi Zäit, ier hie bei d’Kanner kënnt, ass ëmmer mat vill Aarbecht a Virbereedung verbonnen. An net ëmmer leeft alles esou, wéi et soll sinn... Och de Kleeschen huet scho vill witzeg, spannend, mee och freedeg Geschichten erlieft.

Zesumme lauschtere mir esou eng Geschicht an duerno bastele mir eng Klengegkeet.

Dëse Workshop gëtt geleet vu Mataarbechter-innen aus dem Aarbechtsgrupp „Kannerbicher“ vun der ErwuesseBildung asbl.

Umeldung:  Telefon 4 47 43 340 / Mail info@ewb.lu

Wéinst der aktueller Covid-Situatioun:

·  ass eng Umeldung erfuedert

·  hale mir eis all un déi virgeschriwwe Richtlinnen:

Distanz halen, Maskeflicht, reegelméisseg Desinfektioun vu Material an Infrastruktur, all Kand kritt säi perséinleche „Bastel-Set“, Anhale vun der maximaler Teilnehmerzuel, Méiglechkeet vum Retraçage …

Datum:

Donneschdeg, 03/12/2020

·     14:30 - 15:30 Auer / Coursnummer: 204710M

·     16:00 - 17:00 Auer / Coursnummer: 204720M

Umeldungsfrist:
30/11/2020
Informatiounen:
Danielle Mertes, ErwuesseBildung - info@ewb.lu
Referent:
Mataarbechterinnen vun der ErwuesseBildung
Sprooch:
Lëtzebuergesch
Präis:
5 €
Plaz:

ErwuesseBildung, Centre Convict - Entrée G - RdC

Organisatioun:
ErwuesseBildung
Zilgrupp:
Kanner (Cycle 1.2-2.1) + Begleedung
Partner(s)
No items found.