
All samschdes (ausser an de Schoulvakanzen) bidde mir eng Matinée fir Kanner un (hir Elteren, Grousselteren ... si wëllkomm!).
Zesumme loosse mir eiser Fantasie a Kreativitéit fräie Laf. Mir entdecke flott Geschichten, interessant Filmer, spannend Gesellschaftsspiller a villes méi.
Eist Theema dës Kéier:
Och de Kleeschen huet scho vill witzeg, spannend, mee och freedeg Geschichten erlieft.
Zesumme lauschtere mir esou eng Geschicht, an duerno bastele mir eng Klengegkeet.
04/12/2021 - 10:00 - 11:30
Ewuessebildung, Centre Convict - Entrée G - RdC
5, avenue Marie-Thérèse L-2132 Luxembourg
Gitt wgl. d'Coursnummer KLS 04122021 an den Alter vum Kand un.