All samschdes (ausser an de Schoulvakanzen) bidde mir eng Matinée fir Kanner un (hir Elteren, Grousselteren ... si wëllkomm!).
Zesumme loosse mir eiser Fantasie a Kreativitéit fräie Laf. Mir entdecke flott Geschichten, interessant Filmer, spannend Gesellschaftsspiller a villes méi.
Eist Theema dës Kéier:
Mir machen en Ausflug an de Bambësch an kucken, wat et do alles ze entdecke gëtt: Geschichten, Spiller, Bastelen.
Opgepasst: Eisen Treffpunkt ass um Parking "Laftreff" am Bambësch.
Wichteg: gutt Schong a Gezei undoen (firan de Bësch)
30/04/2022 - 10:00 - 11:30
Eisen Treffpunkt ass um Parking "Laftreff" am Bambësch.
Gitt wgl. bei der Umeldung den Alter vum Kand un.