Helden an der Kannerliteratur

Eng Journée am Kader vum Projet "Bicher op den Dësch"

Formation
Ausbildung
Formatioun
Training

‘Equipe vum Aarbechtsgrupp „Kannerbicher“ bitt regelméisseg e Workshop-Modell un - „Bicher op den Dësch …!“:

Eng Journée fir d‘Personal aus dem Schoul- an Erzéiungsberäich, Elteren a fir jiddereen, deen u Kanner- a Jugendliteratur oder un engem spezifeschen Thema interesséiert ass. 

Mir bidden dës Journée zweemol d’Joer un. All Kéier beschäftege mir eis mat engem speziellen Thema. 

Um Programm vum Workshop steet: 

  • eng méi theoretesch Aféierung an den Thema (klenge Virtrag, asw.) 
  • prakteschen Deel: „Wéi kann ech den Thema mat Hëllef vu Geschichten, Gedichter, Texter... mat Kanner erschaffen?“: praktesch Iddien, Virstellung vu Bicher a Material, Austausch vu gesammelten Erfarungen, asw. 
  • Kaffispaus, déi Plaz genuch léisst fir Gespréicher, Austausch, Informatiounen ze sammelen, asw.

Organisatioun a Leedung: Aarbechtsgrupp „Kannerbicher“ vun der ErwuesseBildung.

"Helden an der Kannerliteratur"

Kanner brauche Virbiller, fir sech an och hir Perséinlechkeet z‘entwéckelen. Si sichen a fannen hir „Helden“ ganz oft a Geschichten. 

Wärend dësem Workshop kucke mir, firwat et esou wichteg ass, dass d‘Kanner op hirem Wee fir grouss ze ginn, vun „Helden“ begleet ginn. Mir stellen Iech e puer där „Helden aus der Kannerliteratur“ vir a weisen Iech, wéi Dir de Kanner dës Virbiller an hir Geschichte méi nobrénge kënnt. 

*******

Gëllt just fir d‘Personal aus dem Schoulberäich (Léierpersonal, Educateuren / Educatricen, Bibliothekar-innen):

Dëse Workshop fannt dir op der Internetsäit vum Ifen ënnert dem Titel:

"Helden an der Kannerliteratur“ (code D1-d-14)

Mellt iech w.e.g. direkt iwert den Ifen un!

Fir Léierinnen an Educateuren/ Educatricen aus dem Schoulberäich ass dës Formatioun gratis. D‘Onkäschte gi vum Ifen gedroen.

*******

D‘Erwuessebildung asbl ass als Organisateur de cours de formation professionnelle continue duerch e ministerielle Beschloss vum 11.10.2011 vum deemolege Ministère de l’éducation nationale et de la formation professionnelle unerkannt.

Dës Veranstaltung kann als Formation continue vun den zustännegen Instanzen unerkannt ginn. Op Wonsch stelle mir gären e Certificat de participation aus. Frot w.e.g. bei ärer Umeldung dono.

Datum:

23/01/2021 - 9:00-12:00 / 13:30-16:30

Umeldeschluss:
13/1/2021
Informatiounen:
Danielle Mertes, ErwuesseBildung ; info@ewb.lu
Sprooch:
lëtzebuergesch, däitsch a franséich
Präis:
150,00€
Plaz:

ErwuesseBildung - Centre Convict, Entrée G, RdC

5, avenue Marie-Thérèse L-2123 Luxembourg

Organisatioun a Leedung:
Aarbechtsgrupp „Kannerbicher“ vun der ErwuesseBildung
An Zesummenaarbecht mat:
IFEN
Zilgrupp:
Personal aus dem Schoul- an Erzéiungsberäich, Elteren a fir jiddereen, deen u Kanner- a Jugendliteratur a interesséiert ass
Partner(s)
IFEN
W.e.g. matbréngen:

E Buch / eng Geschicht (ev. eng Figur) mat Ärem perséinlechen „Held“

No items found.