Kanner brauche Virbiller, fir sech an och hir Perséinlechkeet z‘entwéckelen. Si sichen a fannen hir „Helden“ ganz oft a Geschichten.
Wärend dësem Workshop kucke mir, firwat et esou wichteg ass, dass d'Kanner op hirem Wee fir grouss ze ginn, vun „Helden“ begleet ginn.
Um Programm vum Workshop steet:
· eng méi theoretesch Aféierung an den Thema (klenge Virtrag)
· prakteschen Deel: Mir stellen Iech e puer där „Helden aus der Kannerliteratur“ vir a weisen Iech, wéi Dir de Kanner dës Virbiller an hir Geschichte méi nobrénge kënnt. Praktesch Iddien, Virstellung vu Bicher a Material, Austausch vu gesammelten Erfarungen, etc. stinn am Virgrond.
W.e.g. matbréngen: ären perséinlechen "Held" - e Buch, eng Geschicht oder eng Figur
Dës Formatioun fënnt am Kader vun der FoCo vum IFEN statt.
Umeldung nëmmen iwwert dëse Link: https://ssl.education.lu/ifen/descriptionformation?idFormation=276534
Samschdeg, 5/03/2022 - 9:00 - 16:30 Auer (inkl. Mettespaus)
ErwuesseBildung (Centre Convict, Entrée G, RdC)
5, avenue Marie-Thérèse L-2132 Luxembourg