Info-Owend Naturbaustoffer

Bauen an Dämmen mat Leem, Stréi a Co.

De Marc Neu huet fréier als Energieberoder geschafft an ass sech bewosst ginn, datt déi Aart a Weis, wéi hautdesdaags Haeiser gebaut ginn, einfach net nohalteg ass. De ganze Styropor a Co. ass weder natierlech, nach gesond, gutt ze recycléieren oder fir jidderee präislech stemmbar.

Hien huet seng Passioun dunn an den Naturbaustoffer fonnt a sech mat sengem Naturbaustoffbutték zu Réiden der Berodung an der Opklärung gewidmet an hëlleft ville Leit, méi iwwert d’natierlecht Bauen gewuer ze ginn an dat och ëmzesetzen!

 

Op dësem Info-Owend weist de Marc eis, wat als natierleche Bau- an Dämmstoff genotzt kaginn, wéi een zum Beispill Leem a Stréi kann asetzen (e Video iwwert d’Dämmung vun engem Containerhaus an der Gemeng Suessem), an informéiert ronderëm natierlecht Bauen an Dämmen. Eng Noutwendegkeet, wann ee wëll nohalteg a gesond liewen,sech viru Wäermt a Keelt schützen – a Wëssen iwwert Bausubstanzen generell sammelen.

Diskussioun a Froe sinn ausdrécklech erwënscht!

 

Datum:

07/12/2022, 18:00-20:00

Umelde bis:
4/12/2022
Umeldung:
info@ewb.lu oder 44 743 340
Sprooch:
Lëtzebuergesch
Präis:
Entrée Gratis, mir freeën eis iwwert een Don
Wou?

ErwuesseBildung, 5, av. Marie-Thérèse, Luxembourg

No items found.