De Lampertsbierg gouf réischt richteg nom Vertrag vu London vun 1867 erschloss, nodeem d'Stadmauere geschläift waren. Séier hu sech eng ganz Partie vu Kongregatiounen do néiergelooss.
Um eischten Tour (+/- 2 km) iwwert de Lampertsbierg maache mir op eis d'Sich no Spueren am ënneschten Deel vum Lampertsbierg, tëschent dem Lycée des Arts et Métiers, dem Glacis an der Lampertsbierger Kierch a ginn och a verschidde Gebaier eran.
Co-Organisateur: d' ErwuesseBildung an d'Lampertsbierger Geschichtsfrënn, zesumme mat der Por Lëtzebuerg Notre-Dame an de Centre de formation diocésain Jean XXIII.
fir weider Informatiounen: Laure Simon, 691 804082
Den 2. Termin ass den 20/03.