Komm, mir loossen d’Poppen danzen

Handpoppen-Atelier

Animation enfants
Kinderaktivität
Kanneraktivitéit
Children's activity

Dir sidd Mamm, Papp, Groussmamm, Grousspapp, Monni, Tatta, Giedel ...?

Dir wëllt mat Äre Kanner, Enkelkanner, Neveuen oder Niessen … en originellen a lëschtege Moment verbréngen?

An Dir hutt och nach eng Liblingsgeschicht oder e Liblingsbuch?

Da kommt, a mir bauen zesummen d’Figuren aus ärer Geschicht als Handpoppen!

Dir wäert gesinn, dass dobäi net just immens flott Poppen entstinn. Mee dir entdeckt och nach déi eng oder aner verstoppten Eegenschaft bei Iech selwer an de Kanner a wäert iwwerrascht sinn.

Dir wäert sculptéieren, modelléieren, molen a bitzen a virun allem ärer Fantasie fräie Laf loossen.

Nach ni gemaach?

Maacht Iech keng Suergen, dir braucht keng Virkenntnisser!

Mir hu vill Material prett a stinn Iech mat eisem Knowhow zur Säit.

Loosst Iech iwwerraschen! Mir wäerten eis A'Muséieren.

Datum:

13/03 + 14/03/2021 vu 14:00 - 18:00 Auer

Umeldeschluss:
27/2/2021
Informatiounen:
Danielle Mertes, danielle.mertes@ewb.lu
Referentin:
Fabienne Thoma, Educatrice graduée, Mataarbechterin vun A’Musée asbl
Sprooch:
Lëtzebuergesch, däitsch, franséisch
Präis:
120 € / Persoun (am Präis abegraff: Material + eppes fir den Honger an den Duuscht)
Plaz:

Erwuessebildung asbl, Centre Convict - Entrée G - RdC

Organisatioun:
ErwuesseBildung asbl an Zesummenaarbecht mat A’Musée asbl
Zilgrupp:
Kanner (8-14 Joer) zesumme mat hiren Elteren, Grousseltern …
Partner(s)

W.e.g. matbréngen: är Liblingsfigur / är Liblingsgeschicht (eventuell)

Gitt w.e.g. bei der Umeldung den Alter vum Kand un.

No items found.