Kucke - Liese - Spillen

Den neie Samschdesmoies-Treff fir déi Kleng an hir Elteren

Animation enfants
Kinderaktivität
Kanneraktivitéit
Children's activity

An der ErwuesseBildung gëtt et eppes Neits!  

All samschdes (ausser an de Schoulvakanzen) bidde mir eng Matinée fir Kanner un (hir Elteren, Grousselteren ... si wëllkomm!).

Zesumme loosse mir eiser Fantasie a Kreativitéit fräie Laf. Mir entdecke flott Geschichten, interessant Filmer, spannend Gesellschaftsspiller a villes méi.

Komm lanscht kucken! Mir freeën eis op dech.

E klengen Hiweis:

Déi Mammen a Pappen, déi sech wärend dem „Kucke, liese, Spillen“ gären e bëssche Rou gënnen (ouni hir Kanner), sinn häerzlech wëllkomm beim Cours „Initiation à la Sophrologie“ mat der Ofélia Fonseca.

Dësen Ufängercours gëtt zäitgläich an der ErwuesseBildung ofgehalen.

Detailer fannt Dir op eiser Homepage. Eng Umeldung ass erfuedert!

Terminer:

Samschdes vun 10:00 - 11:30 Auer (ausser an der Schoulvakanzen): 09/01 (Nr. 213530M), 16/01 (Nr. 213540M), 30/01 (Nr. 213550M), 06/02 (Nr. 213560M), 27/02 (Nr. 213570M), 06/03 (Nr. 213580M), 20/03 (Nr. 213590M), 27/03 (Nr. 213600M)

Informatiounen + Umeldung:
Tel.: 4 47 43 340 / Mail: info@ewb.lu
Leedung:
Mataarbechter/innen vun der ErwuesseBildung
Sprooch:
Lëtzebuergesch, daitsch, (ev. franséich)
Präis:
15 € / Kand
Plaz:

ErwuesseBildung

Zilgrupp:
Kanner vu 5 - 9 Joër (C 1.2 - C 3)
Partner(s)

No items found.