All samschdes (ausser an de Schoulvakanzen) bidde mir eng Matinée fir Kanner un (hir Elteren, Grousselteren ... si wëllkomm!).
Zesumme loosse mir eiser Fantasie a Kreativitéit fräie Laf. Mir entdecke flott Geschichten, interessant Filmer, spannend Gesellschaftsspiller a villes méi.
Eist Theema dës Kéier:
Ir d’Chrëschtvakanz ufänkt, wëlle mir zesummen e flott Wanterfest feieren:
Wanter- a Chrëschtgeschichten, Adventsdeko bastelen a natierlech gutt Schneekereie wäerten um Programm stoen.
Wann d’Wieder et zouléisst si mir dobaussen op eisem „Wantermäertchen“!
Hei wäerten d'Simone Schammo an d'Siri Peiffer vun der Eltereschoul Janusz Korczak och present sinn.
11/12//2021 - 10:00 - 11:30
Ewuessebildung, Centre Convict - Entrée G - RdC
5, avenue Marie-Thérèse L-2132 Luxembourg
Gitt wgl. d'Coursnummer KLS 1112021 an den Alter vum Kand un.