Léiwe Kleeschen, gudde Kleeschen …

DEN "ELTERE-CAFÉ" AN DER ERWUESSEBILDUNG

Événement
Veranstaltung
Veranstaltung
Event

Bei enger Taass Kaffi  proposéiere mir Iech e klenge Virtrag.

Dës Kéier dréit sech alles ëm den Thema "Kleeserchersdag".

Elo ass et neess geschwënn esou wäit! De Kleesche kënnt! Mee wéi solle mir mat dësem Gebrauch ëmgoen? Solle mir d’Kanner am Glaawe loossen, dass deen hellege Mann wierklech mat deene ville Kaddoe bei eis heem kënnt? Wéini ass de richtege Moment, fir hinnen d’Wourecht ze zielen? Wéi gi mir mat deene risege „Wonschziedelen“ ëm? A wat maache mir, wa mir eng aner Relioun an aner Gebräicher hunn, wou de Kleeschen iwwerhaapt keng Plaz huet? …

Nom Virtrag besteet d'Méiglechkeet sech auszetauschen, sech weider ze informéieren a sech eventuell déi passend Literatur unzekucken.

Den Eltere-Café ass eng Plaz, wou Elteren, Grousselteren, Dageselteren ... sech treffe kënnen, e bëssche poteren, sech austauschen, deen een oder anere Problem uschwätzen an e gemittleche Moment mat oder ouni hir Kanner verbréngen.

Kuckt hei e klénge Video iwwer den Elterecafé zum Thema « Ech a meng Gefiller“: https://youtu.be/YMDVU2SO_7E

Nächsten Termin: 14/12/2020 - Thema „Wann den Dag net genuch Stonnen Huet…“

Termin:

16/11/2020 vun 10:00 - 12:00 Auer

Umeldeschluss:
9/11/2020
Informatiounen:
info@ewb.lu
Referetinnen:
Véronique NILLES (Educatrice graduée, systeemesch Familljeberoderin bei der Eltereschoul) ; Danielle MERTES (Referentin fir Kanner- a Jugendliteratur a Liesfërderung bei der ErwuesseBildung)
Sprooch:
Lëtzebuergesch, Däitsch, Franséisch
Präis:
Gratis. Mir si frou iwwer e klengen Don.
Plaz:

ErwuesseBildung asbl (Centre Convict, Entrée G, RdC)

5, avenue Marie-Thérèse  L-2132 Luxembourg

Organisatioun:
Eltereschoul Janusz Korczak an ErwuesseBildung
Zilgrupp:
Elteren, Grousselteren, Dageselteren a jiddereen, deen un Theemen aus de Beräicher PErzéiung a Famill interesséiert ass.
Partner(s)
Course Number
204270m
Date Time
Price
 0,00 €