Lët'z Talk About: Ech sinn e Schatz

Opklärungsatelier fir 5-6 j. Kanner & hir Elteren

Animation enfants
Kinderaktivität
Kanneraktivitéit
Children's activity

Am Atelier «Ech sinn e Schatz» geet et drëms mat deene Klengen ze reflektéieren, datt si wichteg a wäertvoll sinn, an datt kee mat hirem Kierper eppes maachen däerf wat si net wëllen.

Als Hiewan ass mir bei der Gebuertshëllef bewosst ginn, datt eng selleche Fraen iwwerhaapt net wossten, datt si eng Gebärmutter hunn. Säit 2017 schaffen ech als Schoulhiewan fir affektiv asexuell Obklärungsateliere mat Kanner a Jugendlechen an den Erwuessenen, déi mat hinnen ënnerwee sinn.

Wat kleng ugefaangen huet schéngt ob e grousse Besoin ze äntwerten: Vill Kanner si frou fir iwwert Themen ze schwätzen, déi si iwwerall am Alldag begéinen an déi trotzdem tabu ze si schéngen.

Net all Eltere spieren sech wuel fir d’Thema Sexualitéit mat hire Kanner unzeschwätzen. Heiansdo steet eis eege Geschicht eis am Wee, mir denke Sexualitéit aus eiser erwuessener Perspektiv, oder mir kennen d’Äntwerten ob de Kanner hier Froe selwer net sou genau…

Ech freeë mech, datt d’ErwuesseBildung sech dësem spannenden Thema unhëllt. Ech wënsche mir, datt all Kand a Jugendlechen (an iwwregens och all Erwuessenen) d’Méiglechkeet huet sech selwer mat sengem Kierper kennen ze léieren an esou selbstbestëmmt a selbstsécher just déi Bezéiungen anzegoen, déi sech stëmmeg uspieren.

Fabienne Michaux

Datum:

4/2/2023 | 10.00–12.00

Umelle bis:
1/2/2023
Info an Umeldung:
info@ewb.lu, 447 433 40
Sprooch:
Lëtzebuerg
Entrée:
Gratis, mir stellen eis Dons-Këscht op
Wou?

ErwuesseBildung, 5, av. Marie-Thérèse, L-2132 Luxembourg

No items found.