Lët'z Talk About: Mama/Papa, wat heescht Fuck?

Wéi geet Oplärung am Alldag?

Um Elterenowend maache mer eis zesummen ob de Wee, fir ze iwwerleeë, wéi affektiv a sexuell Bildung vu klengem un an eisen Alldag ka mat agebonne ginn.

Als Hiewan ass mir bei der Gebuertshëllef bewosst ginn, datt eng sëlleche Frae niwwerhaapt net wossten, datt si eng Gebärmutter hunn. Säit 2017 schaffen ech als Schoulhiewan fir affektiv asexuell Obklärungsateliere mat Kanner a Jugendlechen an den Erwuessenen,déi mat hinnen ënnerwee sinn.

Wat kleng ugefaangen huet schéngt ob e grousse Besoin ze äntwerten: Vill Kanner si frou fir iwwert Themen ze schwätzen, déi si iwwerall am Alldag begéinen an déi trotzdem tabu ze si schéngen.

Net all Eltere spieren sech wuel fir d’Thema Sexualitéit mat hire Kanner unzeschwätzen. Heiansdo steet eis eege Geschicht eis am Wee, mir denke Sexualitéit aus eiser erwuessener Perspektiv, oder mir kennen d’Äntwerten ob de Kanner hier Froe selwer net sou genau…

Ech freeë mech, datt d’ErwuesseBildung sech dësem spannenden Thema unhëllt. Ech wënschemir, datt all Kand a Jugendlechen (an iwwregens och all Erwuessenen) d’Méiglechkeet huet sech selwer mat sengem Kierper kennen ze léieren an esou selbstbestëmmt a selbst sécher just déi Bezéiungen anzegoen, déi sech stëmmeg uspieren.

Fabienne Michaux

Datum:

01/03/2023 | 18.00-20.00

Umelle bis:
26/2/2023
Info & Umeldung:
info@ewb.lu, 447 433 40
Sprooch:
Lëtzebuergesch
Präis:
Gratis, mir stellen eis Dons-Këscht op
Wou?

ErwuesseBildung, 5, av. Marie-Thérèse, 2132 Luxembourg

No items found.