Mäin Zëmmer an ech - Ech a mäin Zëmmer

Animation enfants
Kinderaktivität
Kanneraktivitéit
Children's activity

KUCKE - LIESE - SPILLEN / Den neie Samschdesmoies-Treff fir déi Kleng an hir Elteren

All samschdes (ausser an de Schoulvakanzen) bidde mir eng Matinée fir Kanner un (hir Elteren, Grousselteren ... si wëllkomm!).

Zesumme loosse mir eiser Fantasie a Kreativitéit fräie Laf. Mir entdecke flott Geschichten, interessant Filmer, spannend Gesellschaftsspiller a villes méi.

Déi Mammen a Pappen, déi sech wärend dem „Kucke, liese, Spillen“ gären e bëssche Rou gënnen (ouni hir Kanner), sinn häerzlech wëllkomm beim Cours „Aféierung an d'Sophrologie“ mat der Ofélia Fonseca.

Dësen Ufängercours gëtt zäitgläich an der ErwuesseBildung ofgehalen. Detailer fannt Dir op eiser Homepage. Eng Umeldung ass erfuedert!

Eist Theema dës Kéier:

Wou fillen ech mech wuel? Wat brauch ech, fir mech gebuergen ze fillen? Vläicht doheem. Vläicht an menger Kummer...

Mir lauschteren e puer Geschichten iwwert „sech wuel an sech doheem ze fillen“. An dono bastele mir zesummen eppes Passendes.

An Zesummenaarbecht mat CELL (Centre for Ecological Learning Luxembourg), dem Träger vun der Transition-Beweegung zu Lëtzebuerg, mécht d’EwB bei den „Transition Days 2021“ mat. De Januar 2021 steet ënnert dem Motto „Schlofkummer“ an dat huet eis zum Inhalt vun dësem Workshop inspiréiert.

Datum:

09/01/2021 - 10:00 - 11:30

Umeldungsfrist:
6/1/2021
Informatiounen:
Danielle Mertes, Tel.: 4 47 43 340 / Mail: info@ewb.lu
Referent:
Mataarbechter-innen vun der ErwuesseBildung
Sprooch:
Lëtzebuergesch
Präis:
gratis (des Kéier)
Plaz:

Ewuessebildung, Centre Convict - Entrée G - RdC

5, avenue Marie-Thérèse L-2132 Luxembourg

Organisatioun:
ErwuesseBildung asbl
Zilgrupp:
Kanner vu 5 - 9 Joer (C 1.2 - C3)
Partner(s)
Umeldung:

Gitt wgl. d'Coursnummer 213530M an den Alter vum Kand un.

No items found.