Leider wäert d’Oktav 2021 ënnert spezielle Bedingunge stattfannen:
Begrenzte Pilgerzuel an der Kathedral, Limitten a Restriktiounen, déi villes net méiglech maachen. An dach kann dat d‘Pilger net ophalen, och dann net, wann d’Bicherzelt vun der ErwuesseBildung 2021 nach eng Kéier eng „Covid-Paus“ maache muss.
Duerfir huet e klenge Grupp seng Käpp zesumme gestreckt an e puer interessant Alternative geplangt.
Tëscht dem 24. Abrëll an dem 9. Mee 2021 wäerte mir Iech duerfir e klengen Online-Programm ubidden, zu deem mir Iech elo schonn alueden:
· Bicherpresentatiounen am Online-Bicherzelt
· Interreliéis Gespréichsronn mam Groussrabbiner, engem Immam, engem Vertrieder vun de protestanesche Kierchen a mam Kardinol Jean-Claude Hollerich
· Online-Elterecafé zum Theema „Relioun a Spiritualitéit an der Famill“
· „Op eemol war alles anescht!“ – En Diskussiounsowend a Pandemiezäiten iwwert d‘Oktavtheema
Mir freeën eis op Iech!
ErwuesseBildung, Centre de formation diocésain Jean XXIII (CFD), Oktavkommissioun