Wärend dem leschte Joer huet sech villes am Liewe vun eise Matmënsche geännert. Eisen Alldag leeft anescht of, d’Zesummeliewen ass verännert an ageschränkt, mir hunn aner Gewunnechten op der Aarbecht, d’Schoul an d’Veräinsliewe krut drastesch Aschränkungen operluecht …
· Wéi geet de Mënsch mat esou Verännerungen ëm?
· Wéi eng bleiwend Schied brénge Verännerunge mat sech?
· Wou kann de Mënsch eng Stäip fannen, fir besser duerch esou schwéier Zäiten ze kommen?
· Sinn dës Verännerungen och eng Chance, nei Weeër ze sichen an ze goen?
Op dës an aner Froe wäerte mir an dëser Gespréichsronn versichen, Äntwerten ze fannen.
Moderatioun:
Pit Bouché (Caritas, Member vum Verwaltungsrot vun der ErwuesseBildung)
Et diskutéiere mat:
Milly Hellers (Octav-Priedegerin 2021)
Marcia Dechmann (Mamm vun 3 Kanner, Infirmière enseignante)
Martine Kemp (Ingénieure)
Paul Galles (ë.a. Politiker, Member vum Verwaltungsrot vun der ErwuesseBildung)
Norry Schneider (Centre for Ecological Learning Luxembourg/ CELL)
D'Gespréichsronn ass online an am presentiel.
Hei ass de Link fir online Deel ze huelen: https://www.youtube.com/watch?v=r1wqebhYrIs
05/05/21 - 19:30 Auer
Am presentiel: Centre de formation diocésain Jean XXIII (CFD), 52 Rue Jules Wilhelm, L-2728 Luxembourg
Online