Workshop mam Myriam Otto
Am Pen to brain setze mir eis op eng kreativ Aart a Weis mam Thema Gléck auserneen. No enger klenger Aféierung an d‘Method vum neurographeschen Zeechne leeë mir direkt lass: mat Hëllef vu fléissende Linnen, einfache Formen an e bëssche Faarf schaaft jidderee sech säi Bild zum Thema andeems ech iech duerch äre kreative Schafungsprozess leeden. An enger gemittlecher Atmosphär kann een op eng aussergewéinlech Manéier fir e kuerze Moment de Kapp ausschalten, zur Rou kommen a sech eng kleng Auszäit vum Alldag gënnen.
D’Neurographik bitt d’Méiglechkeet, op eng einfach an entspaante Manéier Virstellungen, Ziler an Häerzenswënsch ze formuléieren, dëst wärend enger aktiver Meditatioun. Entspanungsübungen rënnen d’Aktivitéit of.
D'Séancen sinn 3h laang a ginn mat Meditatiouns- an Otemübungen ageleed. D'Material gëtt zur Verfügung gestallt.
Nach e puer Plaze fräi!
Youtube-Video: https://youtu.be/eXSCcyJ9hg0