All samschdes (ausser an de Schoulvakanzen) bidde mir eng Matinée fir Kanner un (hir Elteren, Grousselteren ... si wëllkomm!).
Zesumme loosse mir eiser Fantasie a Kreativitéit fräie Laf. Mir entdecke flott Geschichten, interessant Filmer, spannend Gesellschaftsspiller a villes méi.
Eist Theema dës Kéier:
Mir léieren dës 2 lëschteg Gesellen an hir Abenteuer kennen. Duerno bastelen a kache mir eppes „à la Pettersson a Findus ».
Hei wäerten d'Simone Schammo an d'Siri Peiffer vun der Eltereschoul Janusz Korczak och present sinn.
13/11//2021 - 10:00 - 11:30
Ewuessebildung, Centre Convict - Entrée G - RdC
5, avenue Marie-Thérèse L-2132 Luxembourg
Gitt wgl. d'Coursnummer KLS 13112021 an den Alter vum Kand un.