Repair-Café & Retrospektiv

Een Nomëtten am Zeeche vun Upcycling, Repair an Gemeinwohlekonomie

Événement
Veranstaltung
Veranstaltung
Event

Repair-Café, Gemeinwohlekonomie an d'E-Vollkabinenfahrrad

Den 16.6. mécht den Michel Heftrich, ee vun deenen éischten, dee sech mam Theema Repair Café zu Lëtzebuerg  beschäftegt huet, op senger Reess mam E-Vollkabinenfahrrad halt an der EwB. Hie leet op sengem Trajet 5500 km zeréck (vu Wien aus) a besicht eng ganz Reih Repair Cafés. An der EwB wäert hien säin E-Vollkabinenfahrrad virstellen souwéi och eng Retrospektiv vu sengen Erfarungen am Upcycling, Gemeinwohlekonomie an Repair-Café virstellen.

Hien huet elo am Burgenland (Eisterräich) de Repair-Café lancéiert an en neien Projet gestart.

Dësen Nomëtte fënnt dann och ee Repair-Café an der EwB statt (Start: 16h00). Bréngt Är futtis Saache mat, oder kommt als Reparateur, mir géifen eis freeën!

Datum:

16/6 | 16.00–19.00

Info an Umeldung fir de Repair-Café:
info@ewb.lu
Mam:
Michel Heftrich a Marcel Barros
Sprooch:
LU an DE
Wou?

ErwuesseBildung, 5, av. Marie-Thérèse, 2132 Luxembourg

Partner:
Repair Café.lu an Repairs For Future
No items found.