Rose wéi eng Spann, frou wéi eng Sonneblimmchen …

Ech a meng Gefiller …

Animation enfants
Kinderaktivität
Kanneraktivitéit
Children's activity

KUCKE - LIESE - SPILLEN / Den neie Samschdesmoies-Treff fir déi Kleng an hir Elteren

All samschdes (ausser an de Schoulvakanzen) bidde mir eng Matinée fir Kanner un (hir Elteren, Grousselteren ... si wëllkomm!).

Zesumme loosse mir eiser Fantasie a Kreativitéit fräie Laf. Mir entdecke flott Geschichten, interessant Filmer, spannend Gesellschaftsspiller a villes méi.

Eist Theema dës Kéier:

Heiansdo ass een esou frou, datt een déi ganz Welt kéint ëmäerbelen? Dann nees esou traureg, datt ee bal muss kräischen … Gefiller spille munchmol verréckt!

Wéi eng Gefiller ginn et? Wéi fillen si sech un? Wéi ginn ech mat menge Gefiller ëm a wéi mat deenen aneren hiren?

Mir lauschteren e puer Geschichten zum Theema, maachen e puer Spiller, fir d‘Gefiller besser ze verstoen a bastelen zum Schluss eppes Klenges.

Datum:

15/05/2021 - 10:00 - 11:30

Umeldungsfrist:
12/5/2021
Informatiounen:
Danielle Mertes, Tel.: 4 47 43 340 / Mail: info@ewb.lu
Referent:
Sonia Thewes a Mataarbechter-innen vun der ErwuesseBildung
Sprooch:
Lëtzebuergesch
Präis:
8 €
Zilgrupp:
Kanner vu 5 - 9 Joer (C 1.2 - C3)
Plaz:

Ewuessebildung, Centre Convict - Entrée G - RdC

5, avenue Marie-Thérèse L-2132 Luxembourg

Organisatioun:
ErwuesseBildung asbl
Umeldung:

Gitt wgl. d'Coursnummer KLS 20210515 an den Alter vum Kand un.

No items found.