States of Mind? Iddien a mënschlech Liewensentwécklung

Reflexiounsowend am Kader vun eisem 50-jährege Jubiläum

Événement
Veranstaltung
Veranstaltung
Event

Reflexioun an Diskussioun zum Thema Liewensgestaltung an -entwécklung

De Christopher Lilyblad deelt mat eis Reflexiounen zu Mënsch a Gesellschaft ënnert der moderner, westlecher Staatsform an hiren Alternativen. Hautzedaags ass et oft einfach akzeptéiert dass gewësse sozial, ekonomesch a politesch Strukturen net méi ewechzedenken sinn — an awer si vill vun deenen „Liewensfakten“ am historesche Kontext gesinn zimmlech rezent. Donieft ginn et och haut nach vill aner Vëlker a Kulturen, déi weisen dass et kee Monopol gëtt wat d‘Liewensgestaltung ugeet, mä dass dat Entscheedungen sinn, déi entweder individuell oder am Kollektiv getraff musse ginn – op Basis vun Iddien oder Paradigmen. Wéi beaflossen dës Entscheedungen eis sozial a materiell Liewenswelten? Bei eis doheem, souwéi an anere Kulturen? Wat heescht dat fir eng méi nohalteg a pluralistesch Welt wou jiddereen e selbstbestëmmtent Liewe ka féieren, konform mat senge Wäerter? Dës an aner Froe probéiere mir zesummen opzewerfe, fir generell akzeptéiert Wouréchten iwwer Mënsch a Liewen ze hannerfroen.

De Christopher Lilyblad ass Auteur a Sozialwëssëschaftler, dee fir Lëtzebuergesch, europäesch an international Organisatiounen a verschiddene Länner aktiv war, besonnesch an Afrika a Südamerika.

Datum:

2/11/2022 | 18.30-20.00

Umelde bis:
28/10/2022
Umeldung:
info@ewb.lu
Referent:
Christopher Lilyblad
Sprooch:
Lëtzebuergesch
Präis:
Gratis, mir freeën eis iwwert e kléngen Don
Uert:

ErwuesseBildung, 5, av. Marie-Thérèse, Luxembourg

No items found.