All samschdes (ausser an de Schoulvakanzen) bidde mir eng Matinée fir Kanner un (hir Elteren, Grousselteren ... si wëllkomm!).
Zesumme loosse mir eiser Fantasie a Kreativitéit fräie Laf. Mir entdecke flott Geschichten, interessant Filmer, spannend Gesellschaftsspiller a villes méi.
Eist Theema dës Kéier:
Mir ginn Interessantes iwwert d’Liewe vun de Beie gewuer a lauschteren eng Geschicht. Dono bastele mir eng kleng Bei an e Beien-Hotel.
02/07/2022 - 10:00 - 11:30
Erwuessebildung, Centre Convict - Entrée G - RdC
5, avenue Marie-Thérèse L-2132 Luxembourg
Gitt wgl. bei der Umeldung den Alter vum Kand un.