All samschdes (ausser an de Schoulvakanzen) bidde mir eng Matinée fir Kanner un (hir Elteren, Grousselteren ... si wëllkomm!).
Zesumme loosse mir eiser Fantasie a Kreativitéit fräie Laf. Mir entdecke flott Geschichten, interessant Filmer, spannend Gesellschaftsspiller a villes méi.
Eist Theema dës Kéier:
Mir fléie mat de Päiperleke vu Blumm zu Blumm duerch d’Natur, lauschteren eng Geschicht a bastelen e klenge Päiperlek.
25/06/2022 - 10:00 - 11:30
Erwuessebildung, Centre Convict - Entrée G - RdC
5, avenue Marie-Thérèse L-2132 Luxembourg
Gitt wgl. bei der Umeldung den Alter vum Kand un.