Eisen neien Zyklus Tabuthemen start mam Thema: Sexuelle Mëssbrauch.
An dësem Zyklus schaffe mir Themen op, déi nach ëmmer net wierklech vun der Gesellschaft esou däitlech wouergeholl ginn, wéi se eigentlech missten.
Et geet eis ëm eng verstäerkte Bewosstsinnsaarbecht: Sexuelle Mëssbrauch ass vill méi heefeg, wéi ee mengt. Et muss driwwer geschwat ginn, mir mussen d'Aen opmaachen an eppes ënnerhuelen: Wëssen ëm d'Thematik ass ee wichtegen éischte Schratt:
Nieft engem intime Gespréichskreess (5.-6.10.) ass d'Table Ronde zu deem Thema ëffentlech:
Mat um Dësch sëtzen:
Ana Pinto (Les voix des survivantes asbl)
Charel Schmit (OKAJU - Ombudsman fir Kanner a Jugendlecher)
Barbara Gorges-Wagner (Kanner-Jugendtelefon)
Danièle Maraite (Planning Familial)
D'Entrée ass gratis. Jidder Betraffenen, Verbonnenen an Interesséierten kann deelhuelen. Dir kënnt Iech am Virfeld via E-Mail umelden.