Tabu Thema Anorexie, Boulimie, Binge & Co. - Gespréichskreess

Gespréichskreess fir Betraffener an Ugehéierender

Sich ernähren ist ein Grundbedürfnis des Menschen, eine Störung hemmt Betroffene im Alltag und kann sogar zum Tod führen. Der Begriff «Essstörung» ist dabei so vage wie vielseitig: Essstörungen zeigen sich in vielen Formen und bleiben dennoch oft ein Geheimnis oder für Außenstehende schwer zu verstehen.

Das Tabuthema Essstörung(en) ist ein akutes gesellschaftliches Problem und muss auch heute noch deutlich angesprochen werden, um Krankheitsbild und Ursachen, Begleitungsmöglichkeiten und Prävention besser verstehen zu können.

Unsere Veranstaltung bietet ein gesichertes Umfeld für Austausch und Information und will notwendige Bewusstseinsarbeit leisten.

D'Nora Schleich leed een zweedeelege Gespréichskreess, ee "Safe-Space", wou Dir als betraffe Persoun oder Ugehéiernder kënnt deelhuelen. Ob Dir just wëllt nolauschteren oder aktiv matschwätzen ass Iech iwwerlooss.

«Fir baussestoend Leit ass et oft ee Paradox: Et muss een iessen, fir datt de Kierper genuch Energie kritt. Iessen ass dach gutt a flott? Wat fir déi eng e Genoss ass, ka fir déi aner e grousst Hindernis duerstellen: Iessen – an alles wat domat ze dinn huet. Den eegene Kierper gëtt zum Problem an deelweis och zum Feind. En ass ze déck, e muss kontrolléiert ginn, Schold, Drock, Zwang, an alles gëtt iwwert d’Kontroll vum Iessen oder Net-Iessen reguléiert.

Gutt 13 Joer nodeems ech selwer vun Anorexie betraff war, mierken ech, datt dësen Thema nach ëmmer ee groussen Tabu ass. Jiddereen huet zwar scho mol dovun héieren, mee wat heescht et wierklech, net iessen ze kënnen? Et ass mer ee grousst Uleies, ze vermëttelen, wat et mat där Stéierung op sech huet, wéi se ausgesäit, wat se mat engem mécht. Dat ass fir een, deen ni betraff war, bal onméiglech – an dofir bleift den ëffentlechen Discours oft am Vagen. Och haut ass et schwéier ze wëssen, wouhin ech mech wenden soll, wann ech e Problem mam Iessen hunn, oder wien ech kontaktéiere kann, wann ee vun de Leit am Entourage Unzeeche vun esou enger Stéierung weist. Wéi hëlleflos ee si kann, wann een esou eppes matkritt, war och bei eis doheem op eemol ganz däitlech.

Ech notze meng Erfarung gäre produktiv a schwätze mat Leit, déi selwer un enger Iessstéierung leiden oder déi ugehéierend sinn driwwer. D’Kommunikatioun tëscht zwee Mënschen, déi wëssen, wéi et ass, ass eng ganz speziell – an eppes, wat an enger net gutt gewielter Therapie oft net beuecht gëtt.

Am Gespréichskreess ass Plaz, fir sech auszedrécken, fir sech net eleng ze spieren. Fir méi gewuer ze ginn, fir di vill Gesiichter vun Iessstéierung ze reflektéieren a virun allem fir Ënnerstëtzung a Berodungsméiglechkeeten ze fannen. Als Deel vun der Gesellschaft solle mir eis këmmeren, och wann et op den éischte Bléck net einfach schéngt.»

Daten:

18.-19.1.2023 | 18:00-20:00

Umelle bis:
15/1/2023
Info an Umeldung:
nora.schleich@ewb.lu
Sprooch:
Lëtzebuergesch (mee flexibel)
Entrée:
fräi
Grupp:
6-8 Leit
Wou?

ErwuesseBildung, 5 av. Marie-Thérèse, Luxembourg

No items found.