
Trauer gehéiert zum Liewen. An awer wësse mer dacks net, wéi domat liewen. Si kann een iwwerwältegen, datt ee se just wëll verdrängen. Oder et féiert dozou, datt een net ophale kann, vum Verstuerwenen ze schwätzen. Da kann et interessant sinn, fir sech mat der Trauer auserneenzesetzen, z.B. andeems een en Trauercafé besicht.
Wëllkomm si Leit, déi den Austausch mat anere sichen, entweeder well se selwer an Trauer sinn oder Frënn a Bekannten hunn, déi e grousse Verloscht erlieft hunn. Et kann een entweeder reegelméisseg kommen oder awer och just sporadesch.
Et geet drëm, fir no Pisten ze sichen, fir mat senger Trauer kënnen ze liewen an nei Kraaft ze fannen. Et geet manner drëm, fir sech iwwert seng Trauer selwer auszetauschen.
Weider Terminer: 8/10, 12/11, 10/12/2020
Umeldung erfuerdert!
10/09/2020 vu 14:00 - 16:00 Auer
ErwuesseBildung asbl
Gitt bei der Umeldung wgl. d'Coursnummer un.