
Am Corona-Summer proposéiert den Trauercafé Visitten op besonnesch Plazen, wou e moderéierten Austausch iwwer Trauer an Abschid am labbere Krees geféiert gëtt. Treffpunkt si ganz besonnesch Plazen, déi deelweis schonn zënter Generatiounen Begriefnis- a Gedenkplaze sinn an déi déi Hannerbliwwe mat vill Schéinheet a Symbolik opfänken.
Wëllkomm si Leit, déi den Austausch mat anere sichen, entweeder well se selwer an Trauer sinn oder Frënn a Bekannten hunn, déi e grousse Verloscht erlieft hunn.
Donneschdeg, 20.08. um 14:30 Auer um Bëschkierfecht zu Eescheler (rue d'Eschweiler, L-6187 Eschweiler) https://www.junglinster.lu/adresses_liens_utiles
Donneschdeg, 03.09. um 14:30 Auer um Meditatiounspad an ale Kierfecht zu Randschelt (bei der Kierch, L-8816 Rindschleiden)
https://www.visitluxembourg.com/de/ansicht/walking/meditationspfad-randschleider-pad-rindschleiden
Umeldung erfuerdert bei Laure Simon (laure.simon@ewb.lu oder Tel. 691 - 80 40 82)
Umeldeschluss: bis jeeweils dënsdes virdrun.
E Sëtzkëssen oder eng Decken an eng Waasserfläsch wgl. matbréngen.
Bei schlechtem Wieder gëtt annuléiert.