VERZIEL MIR ENG GESCHICHT

Wéi kann ech de Kanner op eng flott Manéier Geschichten erzielen oder virliesen?

Formation
Ausbildung
Formatioun
Training

Wéi kann ee Kanner fir Geschichten begeeschteren? A wéi kann een hinnen d’Geschichten esou spannend a flott virliesen oder erzielen, dass jiddereen „um Ball bleift“ a gären nolauschtert.

Ir een ufänkt, muss een op e puer wichteg Saachen oppassen. Verschidden Techniken an Hëllefsmëttel kënnen dem Virlieser oder Erzieler d’Saach vereinfachen.

Bei dësem Workshop stellen mir interessant Material, Methoden a Geschichten vir.

 

Oflaf vum Workshop

·     Aféierungsvirtrag:

Op wat muss ech oppassen, wann ech Kanner wëll eng Geschicht virliesen oder erzielen?

Wéi eng Bicher, Geschichten eegenen sech besonnesch gutt dofir?

·     Kleng Atelieren – jiddereen passéiert an 3 verschidden Workshoppen vun jeeweils 45 Minutten:

Betounung a Kierpersprooch beim Erzielen a Virliesen

Geschichten virliesen an erzielen och nach fir méi grouss Kanner

Kamishibai & Co: Interessantes iwwert verschidden Hëllefsmëttel beim Virliesen an Erzielen

·     Ofschloss: jiddereen kritt en „Handout“ mat allen virgestallten Informatiounen, Techniken a.s.w.

Dës Formatioun fënnt am Kader vun der FoCo vum IFEN statt.

Umeldung nëmmen iwwert dëse Link: https://ssl.education.lu/ifen/descriptionformation?idFormation=276711

Termin:

Samschdeg, 18/06/2022 - 9:00 - 12:45 Auer

Informatiounen:
Danielle Mertes, ErwuesseBildung: Tel. 44743 340 / danielle.mertes@ewb.lu
Referentinnen:
Danielle Mertes, Antoinette Terzer, Michèle Waringo-Geimer: AG "Kannerbicher" vun der ErwuesseBildung
Zilgrupp:
Léierpersonal (C1-C4) am Kader vun hirer Formation Continue IFEN
Plaz:

ErwuesseBildung (Centre Convict, Entrée G, RdC)

5, avenue Marie-Thérèse L-2132 Luxembourg

Organisatioun:
ErwuesseBildung an Zesummenaarbecht mam IFEN
No items found.