Wann d’Blieder eng aner Faarf kréien an d’Deeg méi kuerz ginn ...

Den Hierscht ass do!

Animation enfants
Kinderaktivität
Kanneraktivitéit
Children's activity

KUCKE - LIESE - SPILLEN / De Samschdesmoies-Treff fir déi Kleng an hir Elteren

All samschdes (ausser an de Schoulvakanzen) bidde mir eng Matinée fir Kanner un (hir Elteren, Grousselteren ... si wëllkomm!).

Zesumme loosse mir eiser Fantasie a Kreativitéit fräie Laf. Mir entdecke flott Geschichten, interessant Filmer, spannend Gesellschaftsspiller a villes méi.

Eist Theema dës Kéier:

D’Natur verännert sech. Alles bereet sech schonn op de Wanter vir.

Mir lauschteren e puer Geschichten aus dëser schéiner Joreszäit. Denken nach e bësschen un déi schéi Summer- a Vakanzenzäit zeréck.

A natierlech bastele mir och eppes Passendes fir den Hierscht.

Datum:

02/10/2021 - 10:00 - 11:30

Umeldungsfrist:
29/9/2021
Informatiounen:
Danielle Mertes, Tel.: 4 47 43 340 / Mail: info@ewb.lu
Referent:
Mataarbechter-inne vun der ErwuesseBildung
Sprooch:
Lëtzebuergesch
Präis:
8 €
Zilgrupp:
Kanner vu 5 - 9 Joer (C 1.2 - C3)
Plaz:

Ewuessebildung, Centre Convict - Entrée G - RdC

5, avenue Marie-Thérèse L-2132 Luxembourg

Organisatioun:
ErwuesseBildung asbl
Umeldung:

Gitt wgl. d'Coursnummer KLS 02102021 an den Alter vum Kand un.

No items found.