Wann den Dag net genuch Stonnen huet … - Stress an der Famill an am Alltag

DEN "ELTERE-CAFÉ" AN DER ERWUESSEBILDUNG

Événement
Veranstaltung
Veranstaltung
Event

Bei enger Taass Kaffi  proposéiere mir Iech e klenge Virtrag.

Dës Kéier dréit sech alles ëm „Stress an der Famill an am Alldag“

Heiansdo huet een d’Gefill, et kréich ee kee Fouss méi op de Buedem: Schaffe goen, sech Zäit fir seng Kanner huelen, Schoul a Fräizäit organiséieren, säi Liewenspartner net vergiessen, Frëndschafte fleegen … Wéi kann een dat alles ënnert een Hutt kréien? Wéi a wou kann een optanken, nei Energie tanken an eppes fir sech maachen? Wat muss ee maachen, fir d’Schlappen net ze verléieren oder krank ze ginn?

Nom Virtrag besteet d'Méiglechkeet sech auszetauschen, sech weider ze informéieren a sech eventuell déi passend Literatur unzekucken.

Den Eltere-Café ass eng Plaz, wou Elteren, Grousselteren, Dageselteren ... sech treffe kënnen, e bëssche poteren, sech austauschen, deen een oder anere Problem uschwätzen an e gemittleche Moment mat oder ouni hir Kanner verbréngen.

Weider Terminer fannt Dir op eiser Homepage www.ewb.lu

Kuckt hei e klénge Video iwwer den Elterecafé zum Thema « Ech a meng Gefiller“: https://youtu.be/YMDVU2SO_7E

Termin:

14/12/2020 vun 10:00 - 12:00 Auer

Umeldeschluss:
7/12/2020
Informatiounen:
info@ewb.lu
Referentinnen:
Véronique NILLES (Educatrice graduée, systeemesch Familljeberoderin bei der Eltereschoul) ; Danielle MERTES (Referentin fir Kanner- a Jugendliteratur a Liesfërderung bei der ErwuesseBildung)
Sprooch:
Lëtzebuergesch, Däitsch, Franséisch
Präis:
Gratis. Mir si frou iwwer e klengen Don.
Plaz:

ErwuesseBildung asbl (Centre Convict, Entrée G, RdC)

5, avenue Marie-Thérèse  L-2132 Luxembourg

Organisatioun:
Eltereschoul Janusz Korczak an ErwuesseBildung
Zilgrupp:
Elteren, Grousselteren, Dageselteren a jiddereen, deen un Theemen aus de Beräicher Erzéiung a Famill interesséiert ass.
Partner(s)
Course Number
204280m
Date Time
Price
 0,00 €