Wann lues a lues nees Faarf an d'Natur kënnt.

Animation enfants
Kinderaktivität
Kanneraktivitéit
Children's activity

KUCKE - LIESE - SPILLEN / De Samschdesmoies-Treff fir déi Kleng an hir Elteren

All samschdes (ausser an de Schoulvakanzen) bidde mir eng Matinée fir Kanner un (hir Elteren, Grousselteren ... si wëllkomm!).

Zesumme loosse mir eiser Fantasie a Kreativitéit fräie Laf. Mir entdecke flott Geschichten, interessant Filmer, spannend Gesellschaftsspiller a villes méi.

Eist Theema dës Kéier:

Geschichten erzielen eis iwwert de Kreeslaf vun der Natur. Dono bastelen mir eppes zesummen.

Datum:

23/04/2022 - 10:00 - 11:30

Umeldungsfrist:
20/4/2022
Informatiounen:
Danielle Mertes, Tel.: 4 47 43 340 / Mail: info@ewb.lu
Referent:
Mataarbechter-inne vun der ErwuesseBildung
Sprooch:
Lëtzebuergesch
Präis:
8 €
Zilgrupp:
Kanner vu 4 - 9 Joer (C 1.2 - C3)
Plaz:

ErwuesseBildung, Centre Convict (Entrée G, RdC)

5, avenue Marie-Thérèse L-2132 Luxembourg

Organisatioun:
ErwuesseBildung asbl
Umeldung:

Gitt wgl. bei der Umeldung den Alter vum Kand un.

No items found.