Den éischte Weekend vum Juni sinn d'Diere vun eise Kierchen nees grouss op fir jiddwereen, dee sech fir eise reliéise Patrimoine interesséiert. Den Theema ass dëst Joer "150 Joer Diözees Lëtzebuerg". Obschonn d'Kathoulesch Kierch schonn ëm déi 1700 Joer zu Lëtzebuerg present ass, ass déi eegestänneg Kierch vu Lëtzebuerg nach relativ jonk. Mee zënter dem vum Enn vum Mëttelalter war de Wonsch do, zu enger eenzeger Lëtzebuerger Diözees ze gehéieren, wat awer eréischt 1870 an Erfëllung gaangen ass. Virdrun huet Lëtzebuerg zu aneren Diözeesen, zäitweileg esouguer zu 6 - 7 verschiddene gehéiert, besonnesch awer zu Tréier a Léck. Wat huet dat an der Kierchelandschaft bedéngt?
Weider Detailer iwwert d'Ëffnungszäiten a Visite-guidéeën, Concerten asw. fannt Dir ënner www.oppekierchen.lu